De Gëllene Fochs, Oktober 2019
No dräi Joer klëmmt d’ASBL Op Schéimerech nees op d’Bühn.
Am Musekssall gëtt e Spektakel presentéiert bei deem all Genren zesummekommen, déi bei deene Schéimerecher schonn emol eng Roll gespillt hunn: Kabaret, Theater a Krimi-Dinner.
Fir d’Iwwerreechung vum Gëllene Fochs fir déi beschte Roll sinn eng ganz Rei Gäscht an d’Kieleland agelueden.
Esouguer héije Besuch ass ugekënnegt.
D’Spannung ass grouss: Wien ass nominéiert?
Wie kritt um Enn de Präis?
Oder kënnt et awer aanescht wéi geplangt?
„De Gëllene Fochs“ ass eng witzeg a spannend Zeremonie, bei där vill intressant Personnagen optrieden.
Där, déi ee kennt oder där, déi ee kéint kennen.
Aus dem Film oder vu soss anzwousch.
Producer: Op Schéimerech asbl
Regie: Christiane Kremer, Romain Kockelmann, Paul Pepin
Assistenz: Sylvie Nierenhausen
Kamera: Raymond Faber
Musek: Paul Pepin
Technik: Marc Georges
Security: Mike Wirtz, Misch Schmidt, Annick Biver, Anouk Fischbach
Make-Up: Julie Huberty
Location: Kielenland (Museksall Kielen)
D’Zeremonie ass:
- Freides an Samschdes, 18 a 19 Oktober 2019 um 20:00
- Sonndes, 20 Oktober 2019 um 17:00
- Freides an Samschdes, 25 a 26 Oktober 2019 um 20:00
- Sonndes, 27 Oktober 2019 um 17:00
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Entréespräis: 20€ fir Erwuessener, 12€ fir Studenten a Kanner