Kabaräsconcours 2016: ’t gëtt net gefuddelt!
Wéini: 13. Juli 2016, 20:30 Auer
Mir spille rëm Kabarä am Summer (13. bis de 16. Juli 2016)! Mir spillen an Dir schreift! Mir sichen dofir Kabaräs-Texter. Neier, déi nach ni gespillt goufen, mä extra fir dëse Concours geschriwwe ginn. D’Thema dëst Joer ass: “ ‘t gëtt net gefuddelt!”. Loosst Iech inspiréiere vun der Aktualitéit, där politescher, där kultureller, där sportlecher, där lokaler, där nationaler, där internationaler, vläicht och där perséinlecher. Oder ganz einfach vun de klenge mënschleche Katastrophen an Naupen, déi all Dag jidderengem passéiere kënnen, egal op Jonk oder Al, Kleng oder Grouss. Spëtzt Är Fieder, wierzt net nëmme mat Peffer a Salz, mä sidd pickeg, witzeg, ironesch, satiresch oder einfach nëmme riicht eraus! En onofhängege Jury wielt déi bescht Texter aus an déi kommen am Juli 2016 op d’Bühn presentéiert vun eiser Kabaräs-Equipp. Kee schreift fir näischt. All Text, dee vum Jury ausgewielt gëtt an dee gespillt gëtt, kritt e klenge Cachet! All Owend decidéiert de Publikum, wéi en Text him am beschte gefall huet an dat bréngt 100 €. Den Haaptpräis vum Jury ass mat 1.000 € dotéiert. D‘Texter solle bis den 1. Februar 2016 erageschéckt ginn. D’Nimm vun den Auteure ginn eréischt um leschten Owend bekannt! Mir waarden op Iech! Mir waarden op Är Texter! Hei fannt der d’Reglement vum Concours fir Kabarästexter ASBL Op Schéimerech
Genre: Cabaret
Dëst Kéier an enger richteger Hal. (Do gët och kee kal!)
Allerdéngs decidéiere net mir, wat leeft:
Mir spillen, wat Dir geschriwwen hutt.
Mir spillen Äre Kabarä!
Den zweete Präis vum Jury si 500 €.
Mir freeën eis op eis gemeinsam Produktioun…