Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble Mämmories (Michèle Turpel)

Mämmories (Michèle Turpel)

Wéini:   14. März 2025, 20:00 Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. D’Musek fir d’Lidder huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärercher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva, an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Am Stil vum magesche Realismus. D’Welturopféierung vu Mämmories war freides, de 4. Oktober 2024 am CAPe zu Ettelbréck.

Den 14. Mäerz um 20h00 am Festsall zu Ollem

Reservatioun: Tel 661 166 660 tëscht 19 an 21 Auer oder einfach hei.

 

Wou:
Festsall zu Ollem
10, rue de Capellen
Olm, 8323
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.