Wëllkomm op der Säit vum Theaterveräin “Op Schéimerech”
E Samschdeg 19 Juli sinn et genee 25 Joer, datt eis éischt Produktioun „Den Hädesteen op Schéimerech“ Première hat!!
Am Joer 2000 – Den Hädesteen op Schéimerech
Fräiliicht-Theater zu Kielen “Op Schéimerech”.
19.-20.-21.-22. an 23. Juli 2000 um 21.00 Auer
Schéimerch kuerz virum Joer 1000
En ale Réimersteen gehéiert zum Alldag vun de Leit, déi deemols op dëser Plaz um Maart sech begéint an matenee geliewt hun.
D’Plaz gehéiert der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier, an obwuel fir d’Mënschen d’deeglecht Iwwerliewen am Mëttelpunkt vun hirem Denken steet; sin se gespaant opdat wat deen neie chrëschtleche Glawen hine soll bréngen; besonnesch well och nach den ieweschte Kapp vun der kathoulescher Kirch – de Poopst bei si soll op Besuch kommen.
Vill Opreegung gët et fir de Jonker Konrod, d’Wirtsfamill, d’Duerfleit an den neie Paschtouer. Just de jiddesche Pärdsfockert an de Stärekickert gesin méi wäit…
Eng grouss Ekipp huet matgemaach: op der Bün, ronderëm d’Bün an och am Catering.
Onvergiesse Momenter, onvergiesse Kolleegen a Kolleeginnen, onvergiessen Emotiounen …
Hei geet et bei weider Detailer vun der Produktioun, an bei d’komplett Lëscht vun den Akteurs.

